Wednesday, 08 November 2017 10:32

Ausflug 2017 op Mons

Den 16. an 17. September 2017 war et nees esou weit. Den alljährlechen Tour vun der Sektioun Eischen stoung virun der Dier.

51 Memberen hun  um Ausfluch op Mons deelgeholl. Den éischte Stopp war zu Strèpy Thieu beim weltwäit gréisste Schëffshebewierk. En Film huet d´Entstehung a Planung vun dësem Megawierk erkläert an uschléissend gouf op engem Schëff bei herrlechem Wieder an Hebewierk eran gefuer, fir da mam Schëff 73m an d´Héicht gehuewen ze ginn.

No dem ganz interessanten Dag as d’Grupp op La Louviére weider gefuer, fir am Hotel Orange anzechecken.

Nom Aperos stung e wonnerbaren Menu um Programm, fir dono bei eng gudden Glas an der Bar den Owend gemiddlech ausklengen ze loossen-

Sonndegmoies no engem wonnerbaren Buffet as et weidergaangen op Dinant, wo d’Besichtegung vun der berühmt Citadelle um Programm stung.

 De Musée vum Adolphe Sax war ee weideren Highlights.

Publié dans News

Additional information