Eischen - d' Lokaliteit
Eischen leit ob enger Heischt vun 320 Meter an der Entrée vum „Dall vun den siwen Schlässer“. D' Uertschaft gehéiert zu der Gemeng Hobscheid an huet 1.850 Awunner. Zesummen mat der Gemeng Hobscheid huet Eischen iwwert 1.100 ha Bësch, en Paradäis fir d' Natur ze erliewen. Och d' Äisch, en Nierwefloss vun der Uelzecht mat enger Längt vun 49 km leeft matzen duecht Duerf. An wann et däischter ass kann een déi schéin beliichten Kierch bewonneren.
Méi Informatiounen fënnt een ënnert www.hobscheid.lu
{mosmap width='500'|height='400'|lat='49.684167'|lon='5.878056'|zoom='13'|mapType='Normal'|text='Eischen'|tooltip='Eischen'|marker='1'|align='center' }
